suppkultur
   
   
   
Artisten:
 chick'n.MO
Tasten, Texter, Stömmen, Hièwelcher, Knäppercher
ann dee ganze Rateschwanz hannendrun...
   
Willie Pultz
Gitaren, Sitar, Gesang, Meckerboopen a.s.w.
   
   
   
more than
gueststars:
 Thierry van Werveke
séngt 'Mamm Kapp an d'Mauer'
   
Romain Junck
Bass op "Nonn di Castanedajeedo" ann "(Don't) Go away"
   
   
   
very special guests:
Frank, Gérard ("Elvis"), Gilles & Nico

1994 waren sie enregistréiert Memberen vum

"Hôtel Misère"

De Refrain fir d'Lidd "Oooh Schraasseg" 
gouf vun hinnen live am Prisong gesong.

Op der Batterie um Concert am Atelier 
war de Guy Frisch...gudde Batteur.
 

   
   
   

 
 

 

Et wiest scho' laang näischt méi,
d'Iwerbevölkerung ass immens.

Et get nach just EPPES z'Iessen:
Match Green, Cactus Yellow a Mono Black.

Wat sin dat dann nëmme fir Kichelcher,
aus wat kënnen si dann nëmme sin?

Ech färten datt di kleng Paschtéitercher
aus de Läiche vun de Mënsche bëschtin
 

   
   
   
 
 à propos
   
   
   
   
 
   

 
 

 
 

Ech si scho vill ze vill
laang hei gewièscht,
u Schlechtem léiers De 
dach hei dat meescht.

Domatt daß ech hei sëtzen
ass nach naischt ereecht,
oooh Schraasseg, wat gees Du m'r 
op de Geescht, op de Geescht!

Ierjendeppes war bei 
mir net ganz richtëch,
soss wär ech kriminell 
dach net 'sou dichtëch.

Mech anzeschpären, 
ass dat dann 'lo 'sou wichtëch?
Dobei huèt sie dach gelaacht, 
méng léif kleng Riechtëch.
 

Refrain: *)

Ech wëll 'rem heem, nëmmen heem, 
all méng schéin Dreem, 'ch wëll 'rem heem. 

Hey! Ass een doheem?

Si hu mech nu mol erwëscht 
mee ech kennen der vill di lafen,
di kënnen sech fir hir 
Gaunereien alles kafen.

Geld zitt zu Geld, 
eegal op et gefällt,
mee Här ass Här,
an Här bleift nawell gär.

Jideree kuckt no sech an 
da kënnt laang näischt méi,
jideree kuckt no sech an 
da kënnt - eng Dièr ouni Klensch!

Ma mer e Bal, 
well d'Féiß gin eis kal?
Komme mer net gewëß,
da kréi' mer eng gudd an d'Schhhhh...
 

(Léiwer Herrgottsblies'chen)

Ech wëll 'rem heem, nëmmen heem, 
all méng schéin Dreem, 'ch wëll 'rem heem.
 

Heinsdo ass et schlëmmer 
do iwer wéi hei bannen,
mee eng Kéier ass 't eriwer, 
da kann ech hei verschwannen.

Ech hoffen op eng Chance, 
't muß keng extra sin,
'ch wëll nëmmen rem ufänken 
normal ze gin.

E 6er am Lotto, 
dee kint et fräi sin,
da wire mir och fein, 
hei géif keen eis méi gesin.

Och mir hätten e Stéck
vun deem grouße Kichelchen,
well eppes ass sëcher: 
wee klaut huèt net genuch!!
 

Ech wëll 'rem heem, nëmmen heem, 
all méng schéin Dreem, 'ch wëll 'rem heem.


 






 

*) de Refrain gouf vu 'Jongen' am Prisong gesong! 
Mir haten d'Erlabnis vum Procureur Général
fir sie zu Schraasseg am Turnsall opzehuèlen.

Den Här Jean Stackdaaf wollt deemols 
"kee Knéifall virum Procureur maachen" (dixit),
well de Procureur och vun HIM eng
schrëftlech demande wollt; soss
wär den RTL matgaang fir ze filmen.
 

Nach engker merci dem Mett Zlatnik!


 


 

   
   
   
   
 

(4/4-Partei)
 

Haut kommen ech heem, 
nach ganz an den Dreem.
Net aus der Disco 
mee vu San Francisco.
Scho wackelt eng Rideau, 
't ass Här a Mad Dame Tibeau,
huès De 'souer nièwt Der wunnen, 
'ch kann Der so'en:
dat ass esou glungen.

Aktioun - géint domm Noperen - Aktioun...

Mee wat solls De maachen, 
Du kanns se net verkafen!?!
Wee wëllt schon domm Noperen, 
dat wir'n dach immens Toperten!
All moies en Dommen opsto'n, 
komm kuck mol hei an d' Strooss.
't ass méi wi een deen opsteet 
a' gescheit ass do keng Mooss!

Domm domm, Dabo nee wi domm, domm,
Dabo esou domm, nawell superdomm

Matt hinnen ass ee geplot, 
si méiche m'r am léifsten de Stot:
blitz, blink a schrupp mamm Stauber, 
ganz sauber - wat en Zauber!
D'Police kann do och naischt maachen, 
fänken héchstens u matt laachen.
Wanns De sees et ging elo duèr, 
da fannen si keng Spuèr.

Si bekëmmeren sech em alles,
a wëllen et genau wëssen,
an ass et och nëmmen 
fir driwer ze schnëssen.
Ech hun es esou sat 
wi mat den Ierbëssen.
Vierwat kënnen si mir 
dann net méng Rouh looßen?

Ech muß hinnen eng spillen, 
si hun se verdéngt! 
Si gi mer op d'Nerven, 
't ass op d' mannst fir d'100zéngt!
Ech packe mech guèr ne' méi, 
et geet 'lo grat duèr,
si kréien ee leçon, 
ma da gin s'et gewuèr...

"Ehë, déi hu mer gär: 
den Auto net propper gewäsch,
mee hei déck Baake man. 
Wat ass? Sichs De mech??
So, wëlls du Streech?!!!!! 
Ech huèlen Ièch op d' Geriecht!
Dat ass 't dach fréier bei eis net gin.
Hu mir dat do dann néidëch? 
An iwerhapt, huèlt Ären Hond an d'Léngt,
e pisst ëmmer bei eise Boam.

Kuck hir Schong, da wees Dallas,
da kenns De hire Kack-Kack-Charakter"

Wat d'Pond Kieschte kascht, 
dat wëssen si elo,
't ass vill méi rouhëch,
well 't ass kee mi do.
Keen Domme méi dee gackert,
keng Rideau méi di wackelt,
ech hun si matt der Flütt 
einfach fortgelackelt.

D' Melodie war banal, 
déi vu FOOL KID gung duèr,
du si si getrëppelt, 
ech wees (haut nach) net wuèr.
Eddi a gutt fort, 
an ech wëll Ièch nach soèn:
kommt niiiii méi erem, 
fir mech ze plo'en...

soss kënnt de WILL!

   
   
   
   
   
 

 

I don't know why you leave me.
To be alone what a dispear!
If I hurt you please forgive me, 
and if I cry, you needn't care.

I'm so lonely, blue and horny, 
please take pity on me sweety,
just remember happy hours 
I would come to you with flowers.
Please don't let me be without you,
all the days I'll have to go through,
I don't wanna do the last part all alone.

I came home the other day, 
I swear I don't understand,
I treat you nice in any way 
and you're suckin' off some other man...

If you don't change those evil ways 
and don't give me what I want,
you can bang your head all along the wall, 
you can squeak and scream and all in all:

you ain't gonna have no head at all!

   
   
   

mam kapp an d'mauer

Schonn als Kand gouf gesot 
wat ech maache soll, 
Ma' hei - ma' do 
a ma' d'Box net voll!

Als Jéngi war ech brav, 
si hu mer d'Krawatt ugedo'n, 
mee dat war e Fehler, 
ech konnt si nët verdro'n. 

Mäin Alen deen hat Geld, 
ech war dat Deierst vun der Welt,
ann aawer war ech eleng, an dofir:

mamm Kapp an d'Mauer.

Matt 13 war ech ab 
an zwar net ze knapp, 
matt 15 koum 'ch erem 
du gouf et grat schlëmm.

Méng Frendin hat eng Bross, 
sie war ni wäit vum Schoss,
dat war zwar kee Genoss 
mee dofir leider emsoss,

mamm Kapp an d'Mauer.

't huèt ni ee mech gefrot 
wat ech da wëll, 
eleng wéinst méngen Hoèr 
sot jidereen: "Deen ass mëll!". 

Wat fir di meescht normal 
dat ass fir mech eegal, 
ebal e bëssen anëscht
bass De asozial. 

Wat ass da richtëch, 
ass nach wichtëch, 
schécks d'an deKrisch mech, 
wir ech dann dichtëch?

Mee dann nach léiwer

MAMM KAPP AN D'MAUER,
MAMM KAPP DUERCH D'MAUER.

   
   
   
   
   
   
   
   
   
  Merci Villmols:

Raoul « MUMSKI » fir de "Seh küri Tee, rutti äräpp"
Christophe PULTZ fir d'Intro vun, an d'Mauer sellwer
Guy « Mossbip » MOSSONG fir d'Chaosduddel op A. D. N.
DANIELE fir Asaatz mat wonnerbaren Nerven
Mett ZLATNIK fir tsycholorësche Beieschtand am Prisong
Paul KREMER fir d'Haptsaach di souwisou eegal ass
Serge TONNAR fir d'Direckt-do-sin
Tom Hanks well hièn eis esou léif gelaacht huèt
Procureur Général fir d'Erlabnis, am Prisong opzehuèlen
FZ, Pierre Franck, Alain de Ron, Fonds Culturel National, 
Soilent Green...

Abe Laboriel, Marcus Miller & John Patitucci
appear through courtesy of Spectrasonics.

Merci och all deenen, di mer gièss hun.

Nee Merci: dem Chuck Chirack 
(No more Toys for the Dirty Boys!)

   
   
   
  Luxus - 1995